WS 01: Tom DI MAGGIO "Flash outside"
|
INSCRIPTIONS (max. 10 personnes) Veuillez vous inscrire par le formulaire suivant:
|
Am hellen Dag mat Blëtz Fotoen maachen? Dir mengt et wier am Dag hell genuch? Eben net ëmmer. Fir ongewollt Schieter ze vermeiden oder eng extra Stëmmung duerch geziilten Beliichtung an d‘Bild ze kréien, schreift iech an dësem Workshop an, den Tom erkläert a weist iech et am Detail. Dir musst just ären Fotoapparat matbréngen, d‘Batterie vun der Kamera voll gelueden hunn an iech umellen fir matzemaachen. En eegene Blëtz ass net néideg, wann dir een hutt, däerft dir en natierlech och benotzen, sou léiert dir mat ärem eegenen Material ze schaffen.
Dësen Workshop dauert ongeféier 1 ½ Stonn.
Dir hutt de Choix tëscht 4 verschidden Auerzäiten.
Prix: 38 € (à payer après avoir reçu la facture)