WS 04: Camera Luxembourg "Chambre Noire"
|
INSCRIPTIONS (max. 12 personnes) Veuillez vous inscrire par le formulaire suivant:
|
Ier et digital Kameraen an Handyen goufen, sinn d‘Fotoen nach mat vill Opwand entwéckelt ginn.
Dëst ass an der Donkelkummer mat verschiddenen chemeschen Bieder geschitt, wou all Foto Step by Step huet missen entwéckelt ginn fir en gutt Resultat ze kréien.
An engem däischteren Raum kritt dir dëst a Form vun enger Vergréisserung am schwaarz/wäiss gewisen.
Well esou eng Donkelkummer net riseg ass, ass d‘Unzuel vun de Leit op 12 Leit limitéiert.
Mee keng Angscht, dëst gëtt e puer Mol widderholl, esou dass genuch Leit kënnen kucke kommen. Wéint der Limit vu Plazen sollt dir iech am viraus aschreiwen.
Prix: 5 € (à payer après avoir reçu la facture)